top of page
menschen.jpg

D’Europäesch Unioun erméiglecht hire Bierger e relativ héije Liewensniveau – mat sozialer Sécherheet, gesellschaftlecher Participatioun, perséinlecher Entwécklung a gesellschaftlechem Wuelstand. Fir dat och an Zukunft ze garantéieren, brauch d’EU eng gerecht Sozialpolitik, déi deene Leit hëlleft, deenen et net esou gutt geet, an eng konkurrenzfäeg Wirtschaftspolitik, déi de Standuert Europa laangfristeg stäerkt.

Dofir wäerte mir:

  • eis fir eng konkurrenzfäeg, resistent an nohalteg Wirtschaft asetzen, déi Aarbechtsplaze schaaft;

  • keng nei administrativ Barrièren an Europa schafen, bis eng Strategie fir eng spierbar Reduzéierung vun der Bürokratie virläit;

  • dofir suergen, datt d’Salariéë kënne méi am Teletravail schaffen, fir hir Work-Life-Balance ze verbesseren;

  • déi europäesch Zesummenaarbecht am Gesondheetswiese stäerken an déi medezinesch Produktiouns- a Lagercapacitéiten ausbauen, fir sécherzestellen, datt d’Mënsche kënnen zouverlässeg mat Medikamenter a mat medezineschem Material versuergt ginn;

  • géint all Forme vun Dumping virgoen, besonnesch wat d’Standarden a punkto Soziales an Nohaltegkeet betrëfft;

  • all Poursuite an Diskriminatioun vu Mënsche wéinst hirem Geschlecht, hirer sexueller Orientéierung a wéinst all aner Form vun hirer Identitéit bekämpfen;

  • den europäesche Permis fir Leit mat enger Behënnerung séier aféieren, fir eng eenheetlech Unerkennung vum Statut – an esou e méi einfachen Accès zu Servicer ze garantéieren.

bottom of page