



Max HAHN
Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil
Yuriko BACKES
Ministesch fir Verdeedegung, fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, fir Gläichstellung an Diversitéit
Claude MEISCH
Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, fir Wunnengsbau a Landesplanung
Lex DELLES
Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus
Xavier BETTEL
Vizepremierminister, Minister fir auswäerteg Ugeleeënheeten an Aussenhandel, fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten
​
Stéphanie OBERTIN
Ministesch fir Digitaliséierung, fir Fuerschung an Héichschoul
​
Eric THILL
Kulturminister, Delegéierte Minister fir Tourismus

​Mëttwoch, 22. Oktober ëm 19:30 Auer
ETTELBRÉCK, Salle des Fêtes​​
mam Xavier Bettel an Eric Thill​​​
•​
Mëttwoch, 29. Oktober ëm 19:30 Auer
mam Xavier Bettel, Lex Delles a Carole Hartmann ​​​
•​​
Dënschdeg, 18. November ëm 19:30 Auer
mam Xavier Bettel, Max Hahn a Claude Meisch​​
•​
Dënschdeg, 25. November ëm 19:30 Auer​
​​mam Xavier Bettel, Yuriko Backes a Stéphanie Obertin




Mir liewen an enger Zäit vu grousse gesellschaftlechen, geopoliteschen an technologesche Changementer – sief et zu Lëtzebuerg, an Europa oder op der ganzer Welt.
Et ass d’Verantwortung vun der Politik, fir iech konsequent Äntwerten op déi wichteg Froe vun haut a muer ze ginn.
D’DP beschäftegt sech intensiv mat de villen Erausfuerderungen. Eis Ministerinnen a Ministeren an der Regierung, eis Deputéiert an der Chamber an am Europaparlament an déi sëllege Gemengemandatairen uechter d’Land iwwerhuelen Dag fir Dag Responsabilitéit a gestalte Lëtzebuerg mat, engagéiert a léisungsorientéiert:
Mir bidden de Mënsche gerecht Zukunftschancen​​, schützen déi demokratesch Fräiheeten, prägen den nohaltege Fortschrëtt vu Lëtzebuerg a vun Europa, a stäerken de gesellschaftlechen Zesummen-halt an eisem Land.
Léif Leit, mir wëllen iech op dësem Wee iwwert déi wichteg Projete vun eiser Politik informéieren an iech eis Léisunge fir d’Mënschen, eis Léisunge fir Lëtzebuerg virstellen. ​A mir freeën eis och, iech am Oktober an am November ze begéinen, wa mir an all d’Regioune vum Land kommen, fir mat iech perséinlech iwwer d’Zukunft vu Lëtzebuerg ze diskutéieren.
Dir sidd ganz häerzlech invitéiert!


​Dat war nach ëmmer d’Prioritéit vun der Demokratescher Partei. An de leschte Jore gouf dowéinst d’Steiertabell ëm 6,5 Indextranchen ugepasst, d’Wunngeld gehéicht, de Mindestloun steierfräi gemaach an d’Energie-Primm verdräifacht.
​
Och d’DP-Iddi vun enger eenzeger Steierklass hëlt weider Form un – de Staat soll d’Mënschen d’selwecht behandelen, egal ob se bestuet, gepacst, celibataire oder oder Wittfra/-mann sinn. Fir d’DP ass kloer: Mat der neier Steierreform dierf keen eppes verléieren, am Géigendeel: 85 % vun de Stéit ginn zousätzlech entlaascht.
Donieft wëlle mir besonnesch déi, deenen et manner gutt geet, weider geziilt ënnerstëtzen. Mam alleréischten Nationalen Aktiounsplang géint d’Aarmut stellt d’DP sécher, dass d’Hëllefen och do ukommen, wou se gebraucht ginn. Konkret bedeit dat: d’Ausbezuele vun den Aiden automatiséieren, d’Krittären harmoniséieren, d’Hëllefen an d’Luucht setzen.
Well et ëm muer geet.


Mir erliewen d’Welt ëmmer méi duerch en digitale Filter. Fir Kanner a Jonker ass déi vill Zäit um Smartphone oder an de soziale Medien dacks eng verlueren Zäit.
Dofir setzt sech d’DP fir d’Screen-Life-Balance an. An der Schoul, wéi och an der Kannerbetreiung, ass déi digital Zäit staark limitéiert. Bis 12 Joer ass de Smartphone verbueden, am Lycée staark ageschränkt.
Dës gewonnen Zäit soll sënnvoll genotzt ginn. Sou ginn zousätzlech Aktivitéiten aus Sport a Kultur, Beweegung a Kreativitéit ugebueden. Am Lycée sti lo 3 Stonne Sport op der 7e an der 6e um Programm. D’5e zitt d’nächst Joer no. E grousse Plus fir déi physesch an déi mental Gesondheet.
Well et ëm muer geet.


Wunne fir jiddereen erschwénglech maachen, dat ass d’Zil vun dëser Regierung. Dobäi gëtt et keng Patentléisung, ma eng Panoplie vun eenzelen, innovativen Iddien.
Bezuelbare Wunnraum betrëfft eis all, sou datt ee kollektiven Effort néideg ass. Dofir ënnerstëtze mir besonnesch d’Gemengen a karitativ Associatiounen, ma och déi ëffentlech a privat Promoteure bei der Schafung vun abordabelem Wunnraum.
Generell wëlle mir méi a méi séier bauen, an eist Land dobäi och intelligent weiderentwéckelen.
Mat enger adaptéierter Subvention loyer ënnerstëtze mir Famillje mat Kanner nach méi staark. Mam Jugendwunnen stäerke mir Jonker an der Transitioun tëschent der Ausbildung an dem Beruffsliewen, andeem se eng Wunneng zu engem abordabele Loyer loune kënnen.
Well et ëm muer geet.


Kënschtlech Intelligenz soll am Déngscht vum Mënsch stoen.
Eis national Strategie orientéiert sech un ethesche Standarden a fërdert och de Fortschrëtt. Doduerch ginn net nëmmen d’Kompetitivitéit an d’Attraktivitéit vum Wirtschaftsstanduert Lëtzebuerg gestäerkt, mee och nei Aarbechtsplaze geschaf an d’Fuerschung ënnerstëtzt.
Och eis Verwaltung gëtt grondleeënd moderniséiert: méi Service a manner Bürokratie, mat MyGuichet.lu als zentral Ulafplaz fir all Demarchen. Et gëtt een seng Informatioune just eng Kéier un (once only), an déi sinn dann duerno fir all d’Verwaltungen disponibel.
Datesécherheet, Transparenz an europäesch Zesummenaarbecht sinn d’Piliere vun dësem vertrauensvollen Ekosystem.
Well et ëm muer geet.


Xavier Bettel, wat sinn den Ament déi grouss Erausfuerderunge vun der Politik zu Lëtzebuerg?
Lëtzebuerg steet, wéi vill aner Länner och, viru groussen Aufgaben a Verännerungen. Nieft esou wichtegen Theme wéi Wunnen a Mobilitéit musse mir och déi grouss sozial Froe wéi d’Pensiounen ugoen, wou de System muss fir déi nächst Generatioune garantéiert bleiwen. Dat ass eng Fro vu Verantwortung a vu Wäitsiicht. Gläichzäiteg dierfe mir d’Land net splécken. Politik muss Brécke bauen. Mir mussen zu Lëtzebuerg zesummen no vir kucken – just esou bleift eist Land staark.
​​
​
Wéi geet et elo mat de Pensioune virun?
An de Gespréicher mat de Sozialpartner huet d’Regierung alle Säiten nogelauschtert. Si huet hir Proposen op verschiddene Punkten ugepasst a wäert elo Responsabilitéit iwwerhuelen an éischt Mesüren ëmsetzen. D’DP wäert d’Wieler bei den nächste Chamberwalen 2028 dann ëm e Mandat fir méi déifgräifend Reforme froen. De Lëtzebuerger Modell ass net ëmmer deen einfachsten a kascht Energie a Gedold. Mee um Enn ass eng Léisung, déi vun alle gedroe gëtt, ëmmer déi bescht – fir d’Gesellschaft a fir eis Zukunft.
Dat gëllt awer net just fir d’Pensiounen. Grad an engem klenge Land ass et wichteg, fir all gesellschaftlech Gruppen anzebannen a keen ze vergiessen. Dat mécht eis Demokratie staark a mécht eist Land méi resistent géint Krisen.
​
Wou läit de Schwéierpunkt vun ärer Aarbecht als Ausseminister?
Déi international Aktualitéit ass den Ament jo ganz mouvementéiert. De russesche Krich géint d’Ukrain ass scho mei wéi dräi Joer amgaangen an ass sécher eng vun de gréissten Erausfuerderungen. Et ass net nëmmen e Krich géint d’Ukrain, mee och géint Europa an eis westlech Wäerter. Dofir ass et entscheedend, datt mir als NATO an als EU-Memberstaaten zesummestinn.
Mee och de Konflikt am Noen Oste beschäftegt eis natierlech an engem grousse Mooss. D’Entscheedung vun der Regierung, fir e palästinensesche Staat unzeerkennen, ass eng Entscheedung fir de Fridden. An dat zu engem Ament, wou d’Zwee-Staate-Léisung en neien Elan brauch, wou Membere vum Sécherheetsrot Palästina als Staat unerkennen, an och muslimesch Länner sech engagéiert hunn, fir d’Relatioune mat Israel ze normaliséieren. All dat dréit dozou bäi, datt de Staat Palästina existéiere kann an och d’Funktioune vun engem Staat iwwerhëlt. Deen Ament kënnen och demokratesch Walen organiséiert ginn. Zesumme mat der Regierung hunn ech dofir als Ausseminister meng Responsabilitéit geholl an dem Regierungsrot d’Unerkennung vum Staat Palästina recommandéiert. Fir dës Decisioun ze huelen, hat d’Regierung zanter 2012 e Mandat vun der Chamber.
​
Dat war keng Decisioun géint Israel oder fir d’Hamas, mee e Schratt a Richtung Fridden am Noen Osten. Als Lëtzebuerger an als iwwerzeegten Europäer musse mir eis ëmmer fir eis essentiel Wäerter asetzen, vun deene mir selwer profitéieren: Dat heescht Fridden a Fräiheet, Demokratie a Rechtsstaatlechkeet, Meenungsfräiheet a Support fir déi benodeelegt Mënschen. Dat sinn d’Valeuren, op deenen eis Gesellschaft fousst. A fir déi setzen ech mech all Dag an.
Xavier Bettel
Vize-Premierminister


D’Demokratesch Partei wëll d’Kultur fir d’Biergerinnen an d’Bierger nach méi zougänglech maachen.
Am Kader vun engem nationalen Aktiounsplang ass eng Dezentraliséierung geplangt, déi zesumme mat de Gemengen an de regionalen a lokale Kulturariichtunge virugedriwwe gëtt. Dozou gehéiert och eng besser Vermëttlung vu lokalen Traditiounen a Bräich. Esou gëtt dofir gesuergt, datt d’Kultur bei d’Leit kënnt – an d’Leit bei d’Kultur.
E Schwéierpunkt ass och d’Entwécklung vum kulturellen Tourismus, deen den Erhalt, eng besser Visibilitéit a Wäertschätzung vum kulturellen Ierwen uechter d’ganz Land mat sech bréngt.
Nieft dem Aféiere vum Aktiounsdag fir d’Lëtzebuerger Sprooch wäert d’DP de Stellewäert vum Lëtzebuergeschen och an Zukunft weider stäerken.
Well et ëm muer geet.


D’DP hëlt haut schonn Decisiounen, fir dass de Standuert Lëtzebuerg och muer attraktiv fir d’Betriber an hir Mataarbechter bleift.
Dobäi geet et drëm, gutt an interessant Aarbechtsplaze fir eis Biergerinnen a Bierger, a besonnesch natierlech fir déi Jonk ze schafen. Mir hunn donieft eng ganz Partie konkret Mesüre geholl, déi laangfristeg positiv Auswierkungen op d’Betriber hunn. Duerch eng Verdichtung an den Aktivitéitszone gëtt déi néideg Plaz geschaf, ouni weider Gréngflächen ze versigelen.
Gläichzäiteg gëtt an Zukunftstechnologië wéi den neie Supercomputer MeluXina AI investéiert, fir am internationale Verglach vir bäi ze sinn an d’Revolutioun duerch déi kënschtlech Intelligenz matzegestalten. An engems kann d’Konkurrenzfäegkeet vun eise Betriber gestäerkt ginn.
Well et ëm muer geet.


D’Demokratesch Partei schafft all Dag dorunner, fir dass d’Biergerinnen an d’Bierger effikass a kamoud vun A op B kommen.
Mir schreiwen awer kengem vir, wéi en sech beweege soll, ma bidden eng Kombinatioun vu kompetitiven Alternative fir méi Liewensqualitéit. De Schlëssel dozou ass e Mix vu Verkéiersmëttel mat de Pôles d’échanges, déi en einfache Wiessel tëschent Auto, Zuch, Bus an Tram erlaben, an all Dag dausende Pendler zouverlässeg transportéieren.
Zum Réckgrat vun dëser zukunftsorientéierter Mobilitéit gehéiert den Tram. D’Ubannung un de Flughafe war e wichtege Schratt, an aner Erweiderungen – wéi d’Verknäppe mam Süden duerch de séieren Tram – sinn déi logesch Suite.
Duerch de konsequenten Ausbau vun der Vëlosinfrastruktur an d’Verbesserung vun der Sécherheet, besonnesch duerch separat Vëlosweeër mat roudem Belag, preparéiere mir eng nohalteg Zukunft.
Well et ëm muer geet.


D’DP steet fir eng sécher, bezuelbar an nohalteg Energietransitioun. Mir maache Lëtzebuerg nach méi resistent géint international Krisen, Kricher an déi domadder verbonnene Präishaussen.
Déi héchste Prioritéite si fir eis d’Energiesécherheet an de garantéierten Accès zu méiglechst bëlleger a propperer Energie fir d’Entreprisen a fir d’Biergerinnen an d’Bierger. Am Kader vun der Consultatioun fir erneierbar Energie Einfach, séier, erneierbar ënnerstëtze mir d’Wand- an d’Solarenergie, zemol op Diecher, Parkingen an an Industriezonen.
D’Demokratesch Partei suergt och mat staatlecher Ënnerstëtzung dofir, datt d’Energiepräisser zu Lëtzebuerg mat déi niddregsten an Europa bleiwen. Dobäi kënnt eng breet Fërderung vun neien Technologien, besonnesch am Beräich Mobilitéit a Wunnen.
Well et ëm muer geet.



Gilles BAUM

Guy ARENDT

Simone BEISSEL

Luc EMERING

Patrick GOLDSCHMIDT

Carole HARTMANN

Lydie POLFER

Barbara AGOSTINO

André BAULER

Corinne CAHEN

Fernand ETGEN

Gusty GRAAS

Mandy MINELLA

Gérard SCHOCKMEL