top of page
thema-sicherheit.jpg

D’Welt ass déi lescht Jore méi onsécher ginn. De brutale Krich vu Russland géint d’Ukrain huet eis gewisen, datt Europa seng Defense stäerke muss. Dat fonctionéiert nëmmen, wann d’Memberstaate vun der Europäescher Unioun hir Kräften an enger gemeinsamer Aussen-, Sécherheets- a Verdeedegungspolitik integréieren. Dozou gehéiert och, de Schutz virun Internet-Attacken däitlech auszebauen.

Dofir wäerte mir:

  • keng Zäit méi op dem decidéierte Wee zu engem Europa vun der Verdeedegung verléieren;

  • eis fir eng Stäerkung vun der EU als politesch Unioun asetzen, fir datt d’EU e vollwäertegen Acteur an der Aussepolitik gëtt;

  • un der NATO festhalen an déi europäesch Defense méi onofhängeg gestalten;

  • déi technesch an organisatoresch Zesummenaarbecht vun den Arméien an Europa ausbauen;

  • déi humanitär, militäresch a finanziell Ënnerstëtzung fir d’Ukrain garantéieren - wann néideg duerch d’Opnam vu Kreditter;

  • eis kuerzfristeg fir e Waffestëllstand am Gaza-Konflikt, fir d’Liberatioun vun de Geiselen a fir déi humanitär Hëllef fir d’Zivilpopulatioun asetzen. Doriwwer eraus wäerte mir déi pazifistesch Stréimungen op béide Säite begleeden, fir Verhandlunge fir eng Zweestaateléisung z’erméiglechen;

  • eng Fräihandelszon tëschent der EU an Afrika schafen, déi institutionell Stabilitéit vun den afrikanesche Staaten ënnerstëtzen an eis fir e Sëtz vun Afrika am Weltsécherheetsrot asetzen;

  • eis Capacitéiten am Beräich vun der Cyberdefense ausbauen.

bottom of page