top of page
thema-zukunft.jpg

Europa ass dofir responsabel, fir d’Zukunft vun de kommende Generatiounen nohalteg ze gestalten. Aufgaben ewéi déi wierksam Bekämpfung vum Klimawandel, d’Verbesserung vun de Chancen op Bildung oder den Ausbau vun der europäescher Infrastruktur si grouss Erausfuerderunge fir déi kommend Joerzéngten, déi d’Memberlänner aus der EU nëmmen zesumme bewältege kënnen. Mat esou Investissementer séchere mir schonn haut de Wuelstand an d’Liewensqualitéit vun eise Kanner a Kandskanner.

Dofir wäerte mir:

  • eemoleg Efforte fir d’Produktioun vun erneierbaren Energië realiséieren, fir eis méi séier aus der Ofhängegkeet vun de fossillen Energien ze léisen;

  • konsequent an den ökologeschen an digitale Wandel investéieren;

  • d’Engagementer aus dem Accord vu Paräis a vum Green Deal anhalen;

  • weider an d’Fuerschung an an d’Entwécklung investéieren;

  • d’Infrastruktur konsequent ausbauen, z.B. besser Zuchverbindungen (vun an op Lëtzebuerg an Nuetszich);

  • an déi parascolaire Bildung investéieren an d’Harmoniséierung vun de Bildungssystemer – zemol am Kontext vun der Unerkennung vun de Schoulofschlëss – weiderdreiwen;

  • Austauschprogrammer fir d’Ausbildung an d’(Fräiwëllegen-) Aarbecht, wéi Erasmus +, quantitativ a qualitativ ausbauen, fir jonke Leit ze hëllefen, fir en héichwäertege Beruff ze léieren.

bottom of page