top of page
thema-werte.jpg

Fundamental Wäerter wéi Fräiheet, Demokratie, Solidaritéit a Rechtsstaatlechkeet sinn déi onverzichtbar Basis vun der Europäescher Unioun. Déi Wäerter sinn net verhandelbar a mussen ëmmer vun de Memberstaate respektéiert ginn. Fir déi Grondwäerter nohalteg ze verdeedegen, mussen d’Handlungsfäegkeet an d’Institutioune vun der EU weider gestäerkt ginn.

Dofir wäerte mir:

  • déi europäesch Integratioun weider verdéiwen, fir d’Handlungsfäegkeet vun der EU ze sécheren;

  • wierksam Sanctioune géint Memberstaaten asetzen, déi d’Rechtsstaatlechkeet net respektéieren;

  • de schrëttweise Bäitrëtt vun neie Memberstaaten ënnerstëtzen, wa garantéiert ass, datt déi Länner déi streng Konditioune vun der EU a punkto stabil Institutiounen, Mënscherechter, Rechtsstaatlechkeet a vun enger staarker Ekonomie (Critèrë vu Kopenhagen) zu all Ament erfëllen;

  • all Zesummenaarbecht mat Parteie refuséieren, déi Nazien an hire Reien acceptéieren;

  • d’Recht op Asyl verdeedegen an eis fir méi Solidaritéit bei der Opnam vun Demandeurs d’asile duerch d’Memberstaaten asetzen.

bottom of page