top of page
Fundamental Wäerter wéi Fräiheet, Demokratie, Solidaritéit a Rechtsstaatlechkeet sinn déi onverzichtbar Basis vun der Europäescher Unioun. Déi Wäerter sinn net verhandelbar a mussen ëmmer vun de Memberstaate respektéiert ginn. Fir déi Grondwäerter nohalteg ze verdeedegen, mussen d’Handlungsfäegkeet an d’Institutioune vun der EU weider gestäerkt ginn.
Dofir wäerte mir:
-
déi europäesch Integratioun weider verdéiwen, fir d’Handlungsfäegkeet vun der EU ze sécheren;
-
wierksam Sanctioune géint Memberstaaten asetzen, déi d’Rechtsstaatlechkeet net respektéieren;
-
de schrëttweise Bäitrëtt vun neie Memberstaaten ënnerstëtzen, wa garantéiert ass, datt déi Länner déi streng Konditioune vun der EU a punkto stabil Institutiounen, Mënscherechter, Rechtsstaatlechkeet a vun enger staarker Ekonomie (Critèrë vu Kopenhagen) zu all Ament erfëllen;
-
all Zesummenaarbecht mat Parteie refuséieren, déi Nazien an hire Reien acceptéieren;
-
d’Recht op Asyl verdeedegen an eis fir méi Solidaritéit bei der Opnam vun Demandeurs d’asile duerch d’Memberstaaten asetzen.
bottom of page